9l. Zesummegesate Wierder aus verschiddene Sproochen
-
Fir zesummegesate Substantiven, déi aus anere Sprooche wéi zum Beispill aus dem Laténgeschen oder aus dem Italieenesche kommen, gëtt just dat éischt Wuert groussgeschriwwen:
säin Alter ego, eng Dolce vita, eng Terra incognita
-
Wann e lëtzebuergescht Substantiv dra virkënnt, da gëtt dat och groussgeschriwwen an et gi Bindestrécher gesat:
eng De-facto-Bezéiung
-
Am Pluriel gi Bindestrécher gesat an nom kuerze betounte Vokal gëtt de Schlusskonsonant verduebelt:
seng Alter-egoen, De-facto-Bezéiungen, vill Conditio-sine-qua-nonnen
- Bei zesummegesate Begrëffer aus deene Sproochen, déi kee Substantiv sinn, gëtt klenggeschriwwen:
Dat war de facto déi falsch Decisioun. Si goufen in flagranti erwëscht.
|
|