Ortho-Trainer Fir eng Sprooch kënnen ze liesen, ze schreiwen an ze vermëttelen, brauch een d'Reegele vun enger offiziell unerkannter Orthografie (Rechtschreiwung). Déi aktuell Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch gouf den 10. Oktober 1975 iwwer en Arrêté ministériel offiziell festgeluecht. Mam Règlement grand-ducal vum 30. Juli 1999 si verschidde Reegele vereinfacht oder ergänzt ginn. Am November 2019 ass e vervollstännegt Reegelwierk erauskomm. Grad wéi den lod.lu vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch benotzt och den Ortho-Trainer déi lëtzebuergesch Standardsprooch. Den Ortho-Trainer soll dem Benotzer hëllefen, autonom en éischten Abléck an d'Lëtzebuerger Rechtschreiwung ze kréien, orthografesch Kenntnesser opzefrëschen, den Iwwerbléck iwwer bestëmmt Reegelen an hir Ausnamen ze kréien an d'Orthografie unhand vun den Exercicë mat der integréierter Verbesserungsmethod ze üben. E kann awer och a klasseschen Orthografiescoursë respektiv am Kader vum Blended Learning agesat ginn. Fir all Fro oder Bemierkung kënnt Dir eis gäre kontaktéieren: |