Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

9k. Griichesch a laténgesch Wierder

  1. Bei Wierder mat pre-/prä- oder (-)ped(-)/-päd(-) gëllt d’Form mam e als Haaptvariant. D’Schreifweis mat ä ass just dann erlaabt, wann et en däitscht Parallelwuert mat ä gëtt:
    pregnant / prägnant, Preparat / Präparat, Prepositioun / Präpositioun, present / präsent, President / Präsident
  2. Bei de Wierder aus dem Griichesche ginn th, ch oder rh bäibehalen:
    Biathlon, Bibliothéik, Chouer, Chrëschtdag, Rhetorik, Rhythmus
  3. Beim ph aus dem Griichesche gëtt et dräi Fäll:
  1. De ph gëtt bäibehalen: Metapher, Philosophie, Physik
  2. Bei Wierder mat (-)graf(-)/(-)graph(-) oder -fon/-phon gëllt d’Form mam f als Haaptvariant:
    Biografie / Biographie, Choreografie / Choreographie, geografesch / geographesch, Orthografie / Orthographie
  3. Et gëtt just eng Form mat f: Delfin, Fantasie

Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):

Wierder ouni Variant mat ä:
Expeditioun (dt. Expedition), torpedéieren (dt. torpedieren)

Remark 2 (betrëfft d'Punkte b. a c.):

E laang geschwate Vokal virum ph oder th gëtt ni verduebelt: Stroph (dt. Strophe), apathesch

Remark 3 (betrëfft de Punkt c.):

Wann d’Wuert wéi am Franséische gelies gëtt, bleift de ph an der franséischer Schreifweis stoen: francophone, e Graphique

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu