9j. Zesummegesaten englesch Wierder
- Substantiven, déi aus englesche Wierder bestinn, och a Kombinatioune mat lëtzebuergesche Wierder, ginn zesummegeschriwwen (ouni Bindestréch):
Bestseller, Bigband, Blackout, Smalltalken, Smalltalks
- Wann d’Wuert am Englesche mat engem Bindestréch geschriwwe gëtt, da kann d’Form mam Bindestréch als Niewevariant geholl ginn:
Startup – Startuppen – Startups, Start-up – Start-uppen – Start-ups
- Deen éischte Buschtaf vun engem zesummegesate Substantiv gëtt och da groussgeschriwwen, wann den éischten Deel kee Substantiv ass: e One-Night-Stand, seng Online-Presenz
Ausnam 1 (betrëfft de Punkt a.):
Ass bei Wuertgruppen aus englesche Wierder deen éischten Deel en onbetount Adjektiv, gëtt auserneegeschriwwen: High Society, Public Relations
Ausnam 2 (betrëfft de Punkt a.):
Bei méi laangen Zesummesetzungen däerf mat Bindestréch geschriwwe ginn, woubäi dann déi substantivesch Elementer groussgeschriwwe ginn: Desktoppublishing / Desktop-Publishing, Desktoppublishing-Programm / Desktop-Publishing-Programm, Nordic-Walking-Bengelen, Weekendhaischen / Weekend-Haischen
|
|