9h. De Pluriel vun zesummegesate Wierder aus dem Franséischen
-
Fir de Pluriel vun Expressiounen, déi aus méi franséische Wierder bestinn:
- gëtt nëmmen dat éischt Wuert groussgeschriwwen, - ginn déi eenzel Wierder duerch Bindestrécher verbonnen, - ginn d’Wierder am franséische Singulier geschriwwen, - kritt dat lescht Wuert eng lëtzebuergesch Plurielsendung: Avant-première – Avant-premièren, Carte blanche – Carte-blanchen, Carte d’identité – Carte-d’identitéen, Faux pas – Faux-pasen, Faux-filet – Faux-fileten
-
No engem kuerze betounte Vokal gëtt de Schlusskonsonant verduebelt:
Assemblée générale – Assemblée-générallen, Assistante sociale – Assistante-sociallen
- Wann am Pluriel duerch d’n-Reegel den n hannen ewechfält an d’Form (ofgesi vum Bindestréch) wéi de Singulier ausgesäit, gëtt en Treema op de leschten e gesat:
Ënnerschiddlech Point-de-vuë vertrieden
- Steet am franséische Singulier eng Plurielsendung um leschte Wuert, da fält déi am Lëtzebuergeschen am Pluriel ewech:
e Repas sur roues kréien, Repas-sur-rouen ubidden, Repas-sur-rouë féieren
Remark:
Wann een explizitt wëllt dee franséische Pluriel benotzen, gëtt déi franséisch Schreifweis geholl (dat éischt Wuert gëtt groussgeschriwwen): vill Délits de grande vitesse, zwee Règlements grand-ducaux
|
|