9g. Zesummegesate Wierder aus dem Franséischen
-
Bei franséische Substantive mat méi Wierder gëtt just dat éischt Wuert groussgeschriwwen, de Bindestréch an den Accent aigu ginn ewéi am Franséische gesat:
Assemblée générale, Assistante sociale, Avant-première, Chargé de cours, Chef-d’oeuvre
-
Bei Expressiounen, déi aus lëtzebuergeschen a franséische Wierder zesummegesat sinn, komme Bindestrécher; en eventuelle Fouen-s gëtt drugehaangen:
Boeuf-bourguignons-Zooss, Chauffe-plats-Kabel, Passe-vites-Sift, Quiche-lorraines-Stéckelcher, Vol-au-vents-Deeg
Ausnam (betrëfft de Punkt a.):
Bei Grand-Duc, Grand-Duché a Grande-Duchesse gëtt och den D groussgeschriwwen.
Remark:
Am Pluriel gëtt den c um Enn vu Grand-Duc net zu ck verduebelt: all d’Grand-Duce vu Lëtzebuerg
|
|