9f. Den Treema um e am Pluriel vu franséische Wierder
-
Bei Wierder op -é kënnt am Pluriel en -en drun. Wann den n duerch d’n-Reegel ewechfält, kënnt en ë nom é:
Vill Caféen hunn owes op. Déi meescht Caféë sinn Hellegowend zou. Mir hu vill Chargéen am Lycée. D’Chargéë kommen all erëm.
- Bei Wierder op -ée kënnt am Pluriel en -ën drun:
Chargée – Chargéeën – Chargéeë sichen Lycée – Lycéeën – Lycéeë bauen Musée – Muséeën – Muséeë besichen
-
En -ën kënnt och do, wou eng Verwiesslung méiglech ass:
en Enseignant, eng Enseignante, vill Enseignanten an Enseignanteën en Devis – zwee Devisen, eng Devise – zwou Deviseën e Cousin – zwee Cousinen, eng Cousine – dräi Cousineën
-
Den Treema gëtt just dann op de leschten e gesat, wann eng Verwiesslung vum Pluriel mam Singulier méiglech ass.
Dat ass dann de Fall, wann duerch d’n-Reegel den n vum Pluriel ewechfält: d’Ficelle schneiden, d’Ficellë schneiden d’Poubelle réckelen, d’Poubellë réckelen
|
|