9e. De Pluriel vu franséische Wierder
-
Déi lëtzebuergesch Plurielsendungen -en oder -er ginn un dat franséischt Wuert am Singulier drugehaangen, fir e Pluriel auszedrécken:
Accidenter, Approchen, Bijouen, Trottoiren
-
De Pluriel bei Wierder, déi mat engem stommen e ophalen, gëtt mat engem -n hannen um Wuert markéiert:
Garagen, Orangen, Plainten
-
Bei Substantive mat kuerzem betountem Vokal ginn am Pluriel d’Schlusskonsonante verduebelt:
Amicale – Amicallen, Coupe – Couppen, Toile – Toillen, Bourse – Bourssen
Remark (betrëfft de Punkt c.):
Bei verschiddene Wierder kann de Schlusskonsonant net verduebelt ginn, well en sech net dofir eegent oder well e schonn am Singulier verduebelt ass: eng Glace – zwou Glacen, eng Moyenne – zwou Moyennen
|
|