9d. De stommen e um Enn vu franséische Wierder
-
E stommen e um Enn vu franséische Wierder gëtt geschriwwen, wann e Substantiv mat der Endung -ie, -ue oder -ée ophält: Poesie, Avenue, Lycée
-
E stommen e um Enn vu franséische Wierder gëtt och geschriwwen, wann e Wuert ewéi am Franséischen ausgeschwat an ouni de stommen e iwwer dem Liesen net méi erkannt gëtt: Avantage, beige, Chance, Documentaire, Facture, Fiduciaire, Force, Garage, large, Libraire, Serveuse, Service, Suite, Tâche
-
Soss gëtt déi lëtzebuergesch Schreifweis ouni e geholl:
Bott, Gripp, Mall, Mirabell, Napp, Oliv, Operett, Tirett, Vitess
-
Wann e kuerze betounte Vokal an der Endung virun engem Konsonant steet, da gëtt fir déi lëtzebuergesch Schreifweis dee Konsonant verduebelt:
Agraff, Damm, Etapp, Finall, Limitt, Mandarinn, Marinn
-
Bei Adjektiven, déi wéi am Franséische geschriwwe ginn an déi e stommen e hunn, muss deen e mat Treema geschriwwe ginn, wann e geschwat gëtt:
louche – e louchë Quartier, e louchet Haus
Remark (betrëfft de Punkt c.):
Déi franséisch Schreifweis ka bei verschiddene Wierder als Niewevariant geholl ginn: Barriär – Barrière, Domän – Domaine, Fassad – Façade, Vestiär – Vestiaire, Veterinär – Veterinaire
|
|