9c. Franséisch Wierder: Weider Remarken
-
Franséisch Wierder behalen den Accent grave, den Accent circonflexe an de ç:
Barrière, Boîte, Salle à manger, Garçon
-
Franséisch Wierder behalen den Accent aigu just an der Endsilb oder bei Substantiven, déi aus méi Wierder zesummegesat sinn:
- mat Accent: Employé, Musée, Assemblée générale - ouni Accent: Decisioun, Epicerie, Reunioun
-
Adjektiver mat engem stommen e kënnen en n oder en t ugehaange kréien:
en efficacen Aarbechter, en efficacet Medikament Fält duerch d'n-Reegel den n ewech, da gëtt den e um Enn vum Wuert als ë duergestallt: en efficacë Geste
-
Adjektiver aus dem Franséischen, déi um Enn en c hunn, kréien entweeder e k oder en t ugehaangen:
sec – e secken Typ – e sect Urteel
|
|