9b. Franséisch Wierder
Franséisch Wierder kënnen a verschidde Kategorien agedeelt ginn:
- Wierder, déi onverännert aus dem Franséischen iwwerholl ginn:
Accès, Boîte, Concours, Foire
- Wierder, déi eng lëtzebuergesch Endung hunn:
Coiffer, Ensembel, Timber
- Wierder, déi als agebiergert gëllen an un d'Lëtzebuerger Rechtschreiwung ugepasst sinn:
Forschett, Keess, Potto, Riddo
- Wierder, déi eng integréiert an och eng franséisch Variant hunn:
Damm – Dame, effikass – efficace, Ekipp – Equipe, Mull – Moule, Retusch – Retouche
Remark
D'Aussprooch kann a verschiddene Fäll d'Schreifweis festleeën, jee nodeem, ob se sech um Lëtzebuergeschen oder um Franséischen orientéiert: fonctionéieren – funktionéieren
|
|