9a. Friemwierder: Aféierung
Friemwierder si Wierder, déi net komplett un eis Sprooch ugepasst sinn. Dat gëtt däitlech duerch e friemt Element, zum Beispill en Accent ewéi bei Crème oder en nasale Laut ewéi bei Timber. D'Schreifweis vun de Friemwierder gëtt am Prinzip bäibehalen.
- Substantive gi groussgeschriwwen:
Accident, Courage, Dictionnaire,Party, Weekend
- Substantive ginn an net substantiveschen Ausdréck klenggeschriwwen:
d'accord sinn, par rapport, by the way
- Friemwierder, déi lautlech integréiert sinn, kënne komplett an déi lëtzebuergesch Schreifweis iwwerholl ginn. D'Schreifweis gëtt da konsequent un déi lëtzebuergesch Reegelen adaptéiert:
Bifdeck, Büfdeck, Diwwi, Kaddo, Koseng, Monnonk, Schantjen, Wallis, Ziwwi
- Verschidde Wierder kréien eng typesch Lëtzebuerger Form fir de Pluriel oder aner ofgeleete Formen:
ee Coup – zwee Ki, bordeaux – mat senge bordoosse Schong
|
|