8c. D'n-Reegel: Extrafäll
-
Den n ass fakultativ viru si, se, sech, säin, seng:
et hunn sech – et hu sech
-
Bei geografeschen Nimm fält den n ewech bei Nimm, déi mat -en ophalen: an Asie wunnen, an d'Alpe goen
-
Virun all de Sazzeechen . , ; : ? ! ( ) [ ] , virum Gedankestréch – a virum schife Stréch / bleift den n stoen, och wann en net geschwat gëtt:
Mir wollte froen, wéini si kommen. Kolleeginnen/Kolleegen
-
Virum Bindestréch (-) applizéiert sech d'n-Reegel mam Wuert, dat hannendrusteet:
Orangen- an Äppeljus, Orangë-plus Äppelgebeess
- Viru Wierder, déi grafesch ervirgehuewe sinn (duerch Kursivschrëft, eng faarweg Markéierung asw.) oder tëscht Gänseféisercher stinn, applizéiert sech d'n-Reegel:
Hien ass de „Kropemann”. Hien ass den „Ale Mann”.
- Wann e Wuert soll ervirgehuewe ginn (z.B. op Plakater, an Titelen, bei Gedichter asw.) kann den n stoe bleiwen:
Wëssen Kënnen Wëllen – Wësse Kënne Wëllen
Remark 1 (betrëfft de Punkt b.):
Bei Nimm vun Uertschaften a Stied op -en kann den n stoe bleiwen: zu Lëntgen schéngt d'Sonn – zu Lëntge schéngt d'Sonn
Remark 2 (betrëfft de Punkt b.):
Et kann ee Griichenland oder Griicheland schreiwen.
|
|