Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

9i. Englesch Wierder

  1. Englesch Wierder behalen am Lëtze­buergeschen am Prinzip hir englesch Schreifweis. D'Substantive gi groussgeschriwwen: Computer, cool
  2. Beim Pluriel ginn d'Endungen -en oder -er un d'Substantiven drugehaangen:
    Handy – Handy
    en, Match – Matcher
  3. Wéi bei de lëtzebuergesche Wierder gëtt de Schluss­kon­so­nant am Pluriel no engem kuerze Vokal verduebelt:
    Job – Jobben, Workshop – Workshoppen
  4. Alternativ kann och de Pluriel aus dem Englesche geholl ginn: vill Fans, vill Hits, vill Jobs
zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu