7b. D'Verben: Weider Remarken
- Wann am Present déi zweet Persoun am Singulier mat s, ss, x oder z geschriwwe gëtt, kënnt keen zousätzlechen s derbäi: du méis, du stéiss, du box, du striz
- Verschidde Verben, déi virun der Infinitivendung -en kee Konsonant hunn, kënnen am Present en zousätzlechen tt hanner dem kuerze Vokal kréien:
fléien – ech fléien – du flitts
- Verbe mat der Infinitivendung -egen a -gen, bei deenen de g als Reiflaut geschwat gëtt, hunn e Participe passé mat g:
priedegen – gepriedegt, wiergen – gewiergt
- Verbe mat der Infinitivendung -chen a -chten hunn e Participe passé mat ch:
buchen – gebucht, flüchten – geflücht
- Bei Verbe mat der Infinitivendung -néieren gëtt ëmmer just een n geschriwwen, och wann dës Verben am Däitschen oder am Franséische mat nn geschriwwe ginn:
abonéieren, betonéieren, depanéieren, goudronéieren, imponéieren, plafonéieren, rationéieren
|
|