8a. D'n-Reegel: Aféierung
Wann den n (oder nn) viru verschiddenen Ufanksbuschtawen net
geschwat gëtt, da gëtt en och net geschriwwen: de
roude
Léiw Dat gëllt och bei zesummegesate
Wierder: Grompereschuel
Den n (oder nn)
gëtt geschwat a gëtt geschriwwen:
-
Virun all de Vokalen a
Vokalkoppelen:
den Eck, en Aascht, en Äiswierfel, geschwënn un d'Rei kommen
-
Virun de Konsonanten d, h, n, t, z:
den Hues, e
schéinen Zuch
-
Um Enn vun Nimm vu Persounen oder Marken:
de
Jang Rinnen kënnt
- Virum Suffix -schaft:
Eegenschaft, Machenschaft,
Wëssenschaft
Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):
Den n gëtt virum y geschwat a geschriwwen, wann en als i gelies gëtt:
den Yves Den n gëtt virum y net geschwat an deemno och net geschriwwen, wann en
als j gelies
gëtt: de Yannick
Remark 2 (betrëfft d´Punkten a., b.):
Den n gëtt viru Wierder geschwat a geschriwwen, déi vir mat
engem Vokal, mat d oder t geschwat ginn: en Jeanshiem, en Job, den LOD-Dictionnaire
|
|