7a. D'Verben: Aféierung
- Beim Konjugéiere vun de Verbe geet ee vum Lëtzebuerger Infinitiv aus.
Am Present gëtt d’Zuel vun de Konsonante virun der Endung bäibehalen: bezuelen – du bezils, falen – hatt fält spillen – hie spillt, kommen – du kënns
- Am Imparfait, am Conditionnel an am Participe passé gëtt d'Zuel vun de
Konsonante just da bäibehalen, wann d'Längt vun de Vokalen net
ännert:
ouni Ännerung: aloggen – du bass ageloggt mat Ännerung: reiden – hien ass
geridden,
wëllen –
ech wéilt
- Beim Konjugéieren hält ee sech konsequent un d’Reegele vun der Längt vun de Vokalen:
kuerz: du fäls, ech si gefall, hien hält, kommen laang: du faals, ech hu gefaalt, dir haalt, ech koum
- Um Enn vum Verb ginn déi mëll Konsonanten d a w duerch déi haart Konsonanten t an f ersat:
schneiden – hie schneit, verbidden – dir verbitt reiwen – hie reift, schreiwen – du schreifs
Ausnam (betrëfft de Punkt d.):
D’Hëllefsverb sinn schreift een an der 2. Persoun Pluriel: dir sidd
Remark (betrëfft de Punkt d.):
De Konsonant b bleift um Enn vum Verb onverännert: üben – du üübs
|
|