6k. De Verbindungs-n an de Verbindungs-s
- De Verbindungs-n steet hanner dem Pronomen de, en oder se a virum Pronomen en. E steet fir sech eleng:
Kenns de n en erëm? Wéi se n e fonnt haten, war et ze spéit.
- De Verbindungs-s steet just virun de Pronomen du oder de. E steet fir sech eleng:
Ech gi mat, wann s du och matgees. Hatt freet, ob s de muer kënns.
Remark 1 (betrëfft de Punkt b.):
Den s gëtt net geschriwwen, wann dat Wuert virdru mat s, ss, x oder z ophält: So mir, wéi eng Zoossiss de gär häss.
Remark 2 (betrëfft de Punkt b.):
Et dierf een de Verbindungs-s net verwiessele mat engem s, deen Deel vum Wuert ass: Ech hätt gär, datt s de kënns. Ech hätt gär, dass de kënns. Do iers de dech, ier s de dech ëmsinn hues.
|
|