6j. Eenzel Konsonanten: z
- Um Ufank vum Wuert gëtt de Laut [ts] mat z geschriwwen:
Zaang, zappen, Zuch
- No engem laange Vokal oder no enger Vokalkoppel steet z:
Gäiz, Kaz, Plazen, Reiz
- No engem kuerze Vokal steet tz:
Mutz, platzen, Sätz
- A verschiddene Friemwierder bleift déi ursprénglech Schreifweis, och wann am Lëtzebuergeschen [ts] geschwat gëtt:
Patient, Pizza, Statioun
- Duerch d'Integratioun vu Wierder kann aus engem [s] en z ginn:
zerwéieren (fr. servir), Zerwéit (fr. serviette)
Ausnamen (betrëfft de Punkt c.):
Hospiz, Justiz, Notiz, Notizen, Noviz, Novizen
|
|