Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

6i. Eenzel Konsonanten: s

  1. De mëllen s gëtt ëmmer eenzel geschriwwen, ob hanner engem kuerzen oder hanner engem laange Vokal:
    selen, Kisel, rosen, schmusen, Tasen, Wisen
  2. Beim schaarfen s steet am Wuert ss:
    bau
    ssen, Bussen, iessen, Kreesser, Geheimnisser
  3. Beim schaarfen s steet um Enn vum Wuert hanner engem laange Vokal am Prinzip s (du hues, Ris), ausser am Däitsche gëtt et e Parallelwuert mat ss, ß, chs oder z:
    Str
    ooss (dt. Straße), Wuess (dt. Wachs), Weess (dt. Weizen)
  4. Hanner engem kuerze Vokal gëtt den s, dee schaarf gelies gëtt, ëmmer ss geschriwwen: du bass, Floss, wëssen

Remark 1:

Den däitschen ß gëtt et am Lëtzebuergeschen net. Déi entspriechend Wierder ginn ëmmer mat ss geschriwwen: Flooss

Remark 2 (betrëfft de Punkt a.):

A Friemwierder kann och en x oder en z fir de mëllen s geschriwwe ginn:
Sixième, Gazette

Remark 3 (betrëfft de Punkt b.):

A Friemwierder kann och en c, ç oder t fir de schaarfen s geschriwwe ginn:
Ceinture, Demokratie, Farce, Garçon

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu