6h. Eenzel Konsonanten: k, q, x
- De k gëtt mat ck verduebelt:
baken – Bäcker, Sak – Säck
-
No kuerzem Vokal gëtt an enger betounter Silb ëmmer
ck
geschriwwen, an enger onbetounter Silb dogéint k:
Dreck, Lastik
- Wann tëschent dem Laut [k] an dem Vokal hannendrun en hallwen [u] geschwat ass, gëtt dëse Laut mat qu geschriwwen:
Quetsch, quokeleg, gequäält
- Fir de Laut [k] gëtt et ënnerschiddlech Schreifweisen, déi een net op eng Grondreegel zeréckféiere kann:
Akkordeon, Cabaret, Charakter, Occasioun, Quartier
- Fir de Laut [ks] gëtt et ënnerschiddlech Schreifweisen, déi een net op eng Grondreegel zeréckféiere kann:
Béchs, gierksen, Box, beducksen, Succès
- E laang geschwate Vokal virum x muss am Schrëftleche verduebelt ginn:
Aaxestill
|
|