6g. Eenzel Konsonanten: j, sch
- De Konsonant [j] kann op 4 verschidde Manéieren ausgeschwat ginn, e gëtt ëmmer j geschriwwen:
Jackett, jauwen, Knujel jonk, joen Jabel, Juni Job, joggen
- An Endunge vu franséische Wierder op -ier, -illet, -ille, déi mir ganz integréiert hunn, steet am Lëtzebuergeschen e j:
Pompjee (fr. pompier), Billjee (fr. billet) a Familljen (fr. familles)
- De Laut [sch] gëtt meeschtens ewéi am Däitsche geschriwwen:
läschen, Schong, Schoul Heesprénger, Spaass Stack, Stréckel
- D'Endung -esch (dt. -isch oder -ers) steet bei muenchen Adjektiven a bei weibleche Bezeechnungen:
besonnesch, lëtzebuergesch, spilleresch Bäckesch, Doktesch, Patréinesch
Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):
De j steet och bei Erweiderunge vu Wierder mat ch oder sch: en héicht Haus – en héije Bierg, Piisch – Pijen
Remark 2 (betrëfft de Punkt c.):
Bei Friemwierder aus dem Franséische gëtt de Laut [sch] als ch(e) oder ge geschriwwen: Affiche, Archiven, Bagage
|
|