6f. Eenzel Konsonanten: h
- De Konsonant h gëtt nëmme geschriwwen, wann en och geschwat gëtt:
hannen, hatt, haut doheem, geheien
- De stommen h gëtt et am lëtzebuergesche System net:
Drot, Gefor, no, Rei, Réi, Weier E kann deemno net benotzt ginn, fir d'Längt vun engem Vokal ze markéieren: Anung, berüümt, Bün, Leem
- A verschiddenen international gebräichleche Wierder oder Fachausdréck a bei Nimm bleift den h stoen:
Mittelohrentzündung, Ohn, Rhäin
- Bei de Wierder aus dem Griichesche gi ch, rh an th am Prinzip bäibehalen:
Athleet, Chouer, Chrëschtdag, Rhetorik, Rhythmus
Ausnam (betrëfft de Punkt b.):
D'Variant mam däitschen h ass méiglech bei Wierder, déi ouni h iwwer dem Liesen net gutt erkannt ginn: Fernsee – Fernseh, Hellseeër – Hellseher
|
|