6e. Eenzel Konsonanten: g oder ch?
- Bei de Reiflauter g a ch gëtt nom däitsche Schrëftbild gekuckt, no engem laange betounte Vokal oder enger Vokalkoppel:
Bierg (dt. Berg), Dag (dt. Tag), Deeg (dt. Teig, Tage), Juegd (dt. Jagd) aacht (dt. acht), Daach (dt. Dach), geduecht (dt. gedacht), Späicher (dt. Speicher)
- A betounten Endsilbe steet no engem kuerze Vokal ch:
Ausfluch, ewech, Fluch, genuch, Krich, Zuch, Zich
- Bei de Substantive kommen déi béid Endungen -eg an -ech vir:
Esseg, Mëtteg, Ueleg Mëllech, Schiertech, Teppech
- Wa bei engem Substantiv en t hanner dem -ech steet, da gëtt -echt geschriwwen:
Bäiluecht, Gewunnecht, Heemecht
- Den Diminutiv gëtt mat -chen oder -elchen geschriwwen:
Fiisschen, Bichelchen
- Bei den anere Wuertaarte gëtt ënnerscheet tëschent de Suffixen -eg, -zeg a -lech:
bëlleg, éiweg, flappeg, helleg bannenzeg, gielzeg, hannerzeg, zwanzeg aartlech, ëffentlech, heemlech, mëndlech
- Wann den l zum Grondwuert gehéiert, da steet en -eg hannendrun:
eemoleg, séileg
|
|