6d. Eenzel Konsonanten: g
- De [g] gëtt meeschtens wéi bei Guy geschwat an als g geschriwwen:
Geescht, giel
- Hanner kuerzem, betounte Vokal gëtt de Konsonant g verduebelt:
Bagger, schmuggelen
- De g kann als Reiflaut geschwat ginn a gëtt an deem Fall ni verduebelt:
um Ufank vum Wuert: Gilet, Giraff hanner laangem Vokal: Dag, Fliger, Jugend hanner kuerzem Vokal: Bigel, Kugel, Spigel, ondugen
Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):
De franséische gu bleift stoen: Guichet, Guide
|
|