6c. Eenzel Konsonanten: f, v, w
- Den f an de v sti wéi am Däitschen:
fir (dt. für), féieren (dt. führen), fiicht (dt. feucht) vir (dt. vorne), véier (dt. vier), viischt (dt. vorderst)
- A Friemwierder gëtt de v dacks bäibehalen:
Avis, Enveloppe, Nouvelle, Revue, Van, Visa, Vue
Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):
Wann u Wierder, déi mat v ophalen, eng Endung drugehaange gëtt, bleift de v stoen: aktiv – aktiven – aktiivt, Nerv – Nerven – du nervs – si nerven
Remark 2 (betrëfft de Punkt b.):
Franséisch Wierder, déi orthografesch integréiert ginn, kréien e w amplaz vum v: Diwwi, Wallis, Zerwéit
|
|