6b. D'Konsonanten: D'Ennverhäerdung
-
Wann een um Enn vum Wuert e schaarfe Konsonant (f, k, p, t) héiert, da gëtt deen am Prinzip och geschriwwen:
Bréif, léif, Tubak, Koup, Krop, glat, gutt
-
Gëtt et awer fir e lëtzebuergescht Wuert en däitscht Parallelwuert mat engem mëlle Konsonant v/w, g, b oder d, da gëtt dat lëtzebuergescht Wuert mam mëlle Konsonant geschriwwen:
- f gëtt ersat duerch v oder w: brav (dt. brav), Léiw (dt. Löwe) - k gëtt ersat duerch g: Dogg (dt. Dogge), Drog (dt. Droge) - p gëtt ersat duerch b: ob (dt. ob), Ribb (dt. Rübe) -
t gëtt ersat duerch d: Freed (dt. Freude), midd (dt. müde)
Remark 1:
Dës Reegele gëllen och, wa méi Konsonanten um Enn beieneestinn: Stëbs (dt. Staub)
Remark 2:
Wann d'Konsonanten f, k, p, t beim Schwätzen an der Verlängerung vum Wuert änneren, dann ännert och de geschriwwene Konsonant: Bréif – Bréiwer, dout – doudeg, drop – dorobber, gutt – gudden
Spezielle Fall:
Stad (dt. Stadt), Stied (dt. Städte)
|
|