6a. D'Konsonanten: Aféierung
- Bei enger Rei Wierder, deenen hiert Schrëftbild
aus dem Däitschen oder aus dem Franséische bekannt ass, gëtt de
Konsonant hanner dem kuerzen, betounte Vokal net verduebelt: Bus, Katholik, Synonym, Tarif
Am
Pluriel oder bei Erweiderunge gëtt dee Konsonant awer verduebelt:
Bussen, Busser, Katholickin, Synonymmen, Tariffer
- Bei Adjektivbildunge mat -esch gëtt de Konsonant
virdrun net verduebelt: medezinesch,
typesch
- Bei Wierder aus dem Franséischen, bei deenen duerch eng
lëtzebuergesch Schreifweis de stommen e um
Enn ewechfält, gëtt de Konsonant hanner dem kuerzen, betounte Vokal
verduebelt: Agraff, Etapp, Finall, Originn
- Bei Adjektiven op -(i)onell a bei Verben op -néieren gëtt
den n net verduebelt: abonéieren, depanéieren, rationéieren, optionell, sensationell
- Bei Wierder mat duebelem Konsonant bleift dës
Verduebelung bestoen, och wann en drëtte Konsonant derbäikënnt: dack – dacks,
knapp – knapps, wullen – Gewulls
- E Konsonant kann och dräimol hannereneegeschriwwe
ginn:
Brennnessel, Sauerstofffläsch
Ausnam (betrëfft de Punkt b.):
Wierder, déi vun engem Wuert mat verduebeltem Konsonant
ofgeleet sinn: finnesch (wéinst Finnland), spëttesch
(wéinst Spott)
|
|