Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

5b. D'r-Reegel: i, u virum r

Wann déi laang geschwate Vokalen i an u virum Konsonant r stinn, stellt sech d'Fro, ob am Schrëftlechen en e virum r geschriwwe gëtt oder net.

  1. Wierder mat i oder u:
    Wann den i oder den u virum r laang geschwat ass, da gëtt en e virum r geschriwwen:
    Bier, Bierger, Gehier, giereg, Iertum, Kierch, Nieren, Wiert, Zwier
    bueren, duerch, fueren, huerelen, obskuer, Spuer, stuer, Tuerm
  2. Ausnamen:
    - d'Pronomen: dir, Dir, mir, hir
    - de Prefix ur-: ural, Urenkelin, Ursaach, Urteel
    - fir, vir, Ir - Iren – iresch, zur
    - Friemwierder op -ir: Saphir, Souvenir, Vampir
    - Méisilbeg Wierder op -ur an hir Ofleedungen: Kultur - kulturell, Struktur - strukturéieren

Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):

A Wierder mam Rëtschvokal e gëtt hannendrun en r geschriwwen, wann en och am däitsche Parallelwuert steet (och wann een en am Lëtzebuergeschen net eraushéiert):

Wierder (dt. Wörter) am Géigesaz zu Wieder (dt. Wetter)
Muert (dt. Möhre) am Géigesaz zu Mued (dt. Made)

Remark 2:

Wann den i oder u virum r kuerz ass, kënnt ni en e dertëscht:
Hirsch, Irland, Mettwurscht

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu