5a. D'r-Reegel: ä, o virum r
Wann déi laang geschwate Vokalen ä oder o virum Konsonant r stinn, stellt sech d'Fro, ob am Schrëftlechen en e virum r geschriwwe gëtt oder net, well den e geschwat gëtt.
- Wierder mat ä:
Wierder mat ä gi just da mat e virum r geschriwwen, wann nach e Konsonant hanner dem r steet: Äerd, gekläert Steet den r eleng als Konsonant nom ä, gëtt keen e virum r geschriwwen: ären, Här, Stär
- Wierder mat o:
Bei Wierder mat o gëtt den e virum r da geschriwwen, wann e getrennt vum o geschwat gëtt: boer, Hoer, Joer, kloer, moer kloert Waasser, moert Fleesch Wann d'Aussprooch ännert an den r an eng nei Silb iwwerholl gëtt, da verschwënnt deen e: jorelaang, mat borem Geld
Remark (betrëfft de Punkt a.):
D'Suffixe ginn eenzel gekuckt a ginn net matgezielt fir d'Konsonanten hanner dem r. Et gëtt deemno keen e virum r geschriwwen:
Märchen, järlech
|
|