4b. Vokalkoppelen: Weider Remarken
- Eng Vokalkoppel ass ëmmer laang.
Dowéinst gi Konsonanten hanner der Vokalkoppel am Prinzip net verduebelt, ausser et handelt sech ëm de Konsonant s (dee wéinst der Aussprooch muss kënne verduebelt ginn): Kaul, Poul, Biesem, bäissen
- D'Vokalkoppelen eu an äu bleiwen a Friemwierder stoen:
Efeu, euphoresch, Euthanasie, Heuchler äusserlech, enttäuscht
- Et gëtt Friemwierder mat der Vokalkoppel oi:
Boiler, Konvoi
- Bei de Wierder Moien, moies ass de Laut oi keng Vokalkoppel, well sech dee Laut op zwou Silbe verdeelt.
- D'Vokalkoppelen ai, eu, ie, oi, ou kënne bei Wierder, déi aus dem Franséischen oder aus dem Englesche kommen, anescht ausgeschwat ginn:
Baisse, Pneu, Regie, Foire, Coup, Blackout
|
|