Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

4a. Vokalkoppelen: Aféierung

Am Lëtzebuergesche gëtt et d'Vokalkoppelen ai, äi, ei, éi, ie, ou an ue, déi jee de Kär vun enger Silb ausmaachen an déi jiddwereng engem Laut entspriechen. Fir d'Vokalkoppel au gëtt et zwee Lauter.

  1. Beispiller fir au:
    (1) Auer, haut, schlau an
    (2) Bauch, Haut, Schlauch
  2. Beispiller fir ai: Daimchen, Lais
  3. Beispiller fir äi: bäissen, Wäin
  4. Beispiller fir ei: bei, weien
  5. Beispiller fir éi: begéinen, Schnéi
  6. Beispiller fir ie: liesen, Schiet, Regierung
  7. Beispiller fir ou: Boun, roueg
  8. Beispiller fir ue: Buedem, lues

Remark 1 (betrëfft de Punkt b.):

D'Vokalkoppel ai ass ofgeleet vun engem Wuert mat au: haiteg (vun haut), Gebai (vu bauen).

Remark 2 (betrëfft de Punkt c.):

D'Vokalkoppel äi kann als Ëmlaut vun au stoen: Fauscht - Fäischt

Remark 3 (betrëfft de Punkt f.):

D'Vokalkoppel ie ass net ze verwiessele mam laangen i:

Epicerie, Poesie

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu