Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

3d. De laange Vokal e

  1. De laange Vokal e gëtt a betounte Silben als ee geschriwwen: Chinees, Ee, Feeler, Kolleeg, konkreet, schweedesch
  2. De laange Vokal e gëtt an onbetounte Silben (ausser Endsilben) als e geschriwwen: kollegial, konkretiséieren, norwegesch
  3. De laange Vokal e gëtt an onbetounten Endsilben als ee geschriwwen: angeneem, Bëbee, Fräiheet, Schéinheet
  4. Wa méi wéi dräi e-en openeentreffen, ka mat Bindestréch geschriwwe ginn: Streeeemer oder Stree-Eemer

Ausnam 1 (betrëfft d'Punkten a., b., c.):

Lännernimm ginn an hirer Grondform ëmmer mat e geschriwwen: Chile, Nepal, Norwegen, Schweden

Ausnam 2 (betrëfft de Punkt a.):

Bei Friemwierder mat de Wuertdeeler beta-, de-, demo(-), dezi-, ego(-), epi-, hetero(-), mega(-), meta-, meteo(-), metro(-), neo-, (-)ped(-), peri-, pre-, re-, retro(-), steno(-), stereo(-), theo-, xeno- gëtt den e net verduebelt: Demograf

Ausnam 3 (betrëfft de Punkt a.):

Bei verschiddenen anere Friemwierder gëtt den e net verduebelt:
Evangelium, Klerus, Tetanus, Helium

Ausnam 4 (betrëfft d'Punkten a., c.):

Et gëtt och Wierder, déi mat ee a mat e kënne geschriwwe ginn: eeben, eben; Geen, Gen; heterogeen, heterogen; Treema, Trema

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu