Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

3c. Den neutralen, kuerze Vokal e

  1. Den neutralen, kuerze Vokal e gëtt a betounte Silben als ë geschriwwen: Ënnen, Fësch
  2. Den neutralen, kuerze Vokal e gëtt an onbetounte Silben als e geschriwwen: Apel, Baueren, geotemt, kachen, Jongen

Ausnam 1 (betrëfft de Punkt a.):

Dës Funktiounswierder ginn net mat ë geschriwwen:

Artikelen: dem, den, der, en
Pronomen: de, em, en, er, es, et, mer, se

Negatioun: net
Partikel: ze
Prefixen: be-, ge-

Ausnam 2 (betrëfft de Punkt b.):

Virun oder hanner ee steet ë:
freeën, gëeekelt

Ausnam 3 (betrëfft de Punkt b.):

Wann duerch d'n-Reegel eng Verwiesslung vum Singulier mam Pluriel méiglech ass, gëtt am Pluriel ë geschriwwen:
d'Kopie maachen (= eng Kopie maachen)
d'Kopië maachen (= méi wéi eng Kopie maachen)

Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):

Den ë steet ni virun ch, chs, ck, ng, nk, x.

Remark 2 (betrëfft de Punkt a.):

De kuerzen däitschen ö gëtt am Lëtzebuergeschen ë ge­schriw­wen: gëttlech (dt. göttlich)

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu