Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

3b. De kuerzen, zouene Vokal e

  1. De kuerzen, zouene Vokal e gëtt a betounte Silben als é geschriwwen: Béchs, Bréck, déck, sécher, zéng
  2. De kuerzen, zouene Vokal e gëtt an onbetounte Silben als e geschriwwen: Heemecht, Musek, Wunneng

Ausnam (betrëfft de Punkt a.):

Dës Pronome kréie keen Accent:
ech, mech, dech, sech
meng, deng, seng, mengersäits, sengetweegen

Remark 1 (betrëfft de Punkt a.):

Den é steet just virun ch, chs, ck, ng, nk, x:
sécher, Béchs, Bréck, Péng, blénken, féx

Remark 2 (betrëfft de Punkt a.):

De kuerzen, zouenen é aus dësem Kapitel ass net ze verwiessele mam laangen é bei franséische Wierder: Comité

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu