Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

3a. De kuerzen, oppene Vokal e

De kuerzen, oppene Vokal e wéi bei Dreck gëtt d'selwecht ausgeschwat wéi bei Bäcker a gëtt als e oder ä geschriwwen.

  1. Am Allgemenge gëtt de kuerze Vokal als e geschriwwen: Messer, Strenz, Teller, frech
  2. Gëtt d’Wuert vun engem lëtzebuergesche Wuert mat a ofgeleet, gëtt ä geschriwwen: Schwämm (vu schwammen), Sänger (vu sangen)
  3. Gëtt d'Wuert vun engem däitschen oder franséische Wuert mat a, ä, o oder ö ofgeleet, da schreiwe mir am Lëtzebuergeschen ëmmer en ä:
    Fräsch (dt.: Frosch), Läffel (dt.: Löffel), Täsch (dt.: Tasche), tässelen (fr.: tas), Wäsch (dt.: Wäsche)
zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu