Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

2b. Déi laang geschwate Vokaler a, i, o, u

  1. Bei zesummegesate Wierder gëtt all Wuert eenzel gekuckt. De Vokal gëtt net verduebelt, och wann duerch d'Zesummesetzung méi Konsonanten hanner engem laange Vokal sinn:
    Bamstamm, Alstad, Ofso
    Dat selwecht gëllt fir zesummegesate Wierder mat engem Fouen-s:
    Schofspelz, Kathedralstuerm
  2. D‘Suffixe gi gekuckt ewéi onofhängeg Wuertdeeler an deemno gëtt de Vokal an der betounter Silb net verduebelt:
    Modchen, narhaft, strofbar, Titchen
    D'Lëscht vun de gängeste Suffixen: -bar, -chen, -haft, -lech, -ling, -los, -nes, -nis, -sam, -schaft
  3. De Vokal an de Prefixen do-, no-, of-, ur-, vir- gëtt net verduebelt: nobréngen, ofmaachen
  4. Wann an enger Endung e Konsonant hanne bäikënnt, da gëtt de Vokal am Suffix verduebelt, och wann en net betount ass:
    brauchbar – brauchbaart, gemeinsam – gemeinsaamt, national – nationaalt, positiv – positiivt, vereinbaren – vereinbaart
    D‘Lëscht vun de gängegste Suffixer: -al, -am, -an, -än, -ar, -är, -at, -bar, -id, -im, -in, -is, -iv, -log, -los, -ös, -sam, -ut
zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu