Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

2a. Déi laang geschwate Vokaler a, i, o, u

De laang geschwate Vokal gëtt eenzel geschriwwen oder duebel geschriwwen. Mir ënnerscheeden dräi Fäll:

  1. De Vokal gëtt eenzel geschriwwen, wa just ee Konsonant han­ner dem laange Vokal steet: Bak, schif, Drot, tuten
  2. De Vokal gëtt eenzel geschriwwen, wann de laange Vokal um Enn vum Wuert ass: Schockela, Iddi, netto, tabu
  3. De Vokal gëtt verduebelt an enger betounter Silb, wann de laange Vokal virun zwee oder méi Konsonante steet:
    Aarbecht, Geriicht, Kuuscht, ootmen, Strooss

Ausnam 1 (betrëfft de Punkt a.):

Bei de Wierder Staat, Boot, Moos an hiren Zesummesetzunge gëtt de Vokal am Prinzip verduebelt. Et kann een awer och Stat, Bot, Mos schreiwen.

Ausnam 2 (betrëfft de Punkt b.):

Beim Wuert Zoo gëtt de Vokal verduebelt.

Remark:

D’Vokalen ä, ö, ü ginn d'selwecht behandelt wéi d'Vokalen a, o, u :
quälen, blöd, Küb

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu