1b. Déi kuerz geschwate Vokaler a, i, o, u
- Bei zesummegesate Wierder gëtt all Wuert eenzel gekuckt. D‘Verduebelung vun de Konsonanten nom kuerz geschwate Vokal bleift deemno bestoen: Bluttgrupp, Masuttstank
- D‘Konsonante ginn och dann nom kuerz geschwate Vokal verduebelt, wa just een Deel vum Wuert en eegestännegt Wuert ass: Futtball, Hammbier, Schubbkar, Sonndeg, stallhalen, Wittfra
- D‘Konsonanten nom kuerz geschwate Vokal ginn och viru Suffixer verduebelt, well d‘Suffixer als onofhängeg Wuertdeeler gëllen: Äffchen, Hämmchen, nämmlecht, Träpplek, zimmlech
D‘Lëscht vun de gängegste Suffixen: -chen, -lech, -lecht, -lek
- Et gëtt Suffixe mat engem kuerze Vokal virun engem Konsonant (z.B. stabil). De Konsonant gëtt just da verduebelt, wann eng nei Silb derbäikënnt: stabil, e stabilt Ofkommes, e stabille Pakt
Ausnam 1 (betrëfft de Punkt c.):
Bei den Zuelwierder fofzéng, nonzéng, zwanzeg, fofzeg, nonzeg gëtt de Konsonant nom kuerz geschwate Vokal net verduebelt.
Ausnam 2 (betrëfft de Punkt b.):
De Konsonant vun de Prefixen an-, in-, on-, op-, un- gëtt net verduebelt: anootmen, inkompetent, onméiglech, opmaachen, undoen.
|
|