Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 viregt Säit   nächst Säit 

1a. Déi kuerz geschwate Vokaler a, i, o, u

De kuerz geschwate Vokal gëtt ni verduebelt. Mir ënner‐ scheeden zwee Fäll:

  1. De kuerze Vokal steet an enger betounter Silb virun zwee oder méi Konsonanten: Ball, Wiss, Konscht, Rudder
  2. De kuerze Vokal steet an enger onbetounter Silb virun engem Konsonant: Léierin (um éi betount), Lastik (um a be­tount), Globus (um o betount)

Ausnam 1 (betrëfft de Punkt a.):

Wierder, déi aus anere Sproochen iwwerholl goufen, ginn dacks dem gewinnte Schrëftbild no geschriwwen, wéi Bus oder Liter

Ausnam 2 (betrëfft de Punkt a.):

Bei verschiddene Funktiounswierder gëtt de Konsonant net verduebelt:

am, an, bis, dran, drop, drun, eran, erop, him, hin, in-, mam, mat, ob, on-, op, um, un, vum, vun, zum

Ausnam 3 (betrëfft de Punkt b.):

Bei de kuerz geschwaten Endungen -al, -an, -in, -(n)es, -(n)is, -us gëtt de Konsonant am Pluriel verduebelt, och wann d'Silb onbetount ass:

Dosis – Dosissen, Léierin – Léierinnen, Zirkus – Zirkussen

Remark 1:

De g (als Reiflaut), de j, de mëllen s an den x ginn no engem kuerz geschwate Vokal ni verduebelt: Ligen, nujelen, Wisen, maximal.

Remark 2:

D’Vokalen ä, ü ginn d'selwecht behandelt wéi d'Vokalen a, u: Bäll, Flütt.

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu