Beschreiwung Op dësem Site fannt Dir d‘Reegele vun der aktueller Orthografie, déi zanter November 2019 a Kraaft ass. Op der lénkser Säit ginn d'Reegele ronderëm d'Vokalen, d'Konsonanten, d'Verben, d'n-Reegel an d'Schreifweis vun de frieme Wierder beschriwwen. Mat Hëllef vun dëse Reegele kënnt Dir op der rietser Säit déi Wierder oder Wuertgruppen uklicken, déi fir Iech déi richteg sinn. Klickt duerno op Verbesseren. Nieft all Feeler steet en Hiwäis op deen Deel vun der Reegel, deen net richteg ëmgesat gouf. Mat engem Klick op Exercice kënnt Dir den Test widderhuelen. Et kënnt ee vu Reegel zu Reegel, andeems een op viregt Säit oder op nächst Säit klickt. |