Lëtzebuerger Rechtschreiwung (Orthographie) mam lod.lu

3. De laang geschwate Vokal i

Am Lëtzebuergesche schreift een de laang geschwate Vokal entweder i oder ii, wéi bei ausgibeg oder Siidlung (Regel 1).

  1. De laang geschwaten i gëtt deemno, wéi bei Zil oder Schiids­riich­ter, net mat däitschem laangen "ie" geschriwwen
  2. Den Endungs-ie iwwerhuele mir allerdéngs bei villen trans­fe­réierte Wierder a liesen en als laangen i, wéi bei Astronomie oder Poesie

Remark:

An eiser Sprooch ass den ie eng Vokalkoppel, wéi bei bieden oder Schief (Pluriel vu Schaf). Och wa Wierder nom ie en r kréien, liese mir den ie als Vokalkoppel, wéi bei giereg oder Regierung (Regel 4)

viregt Säit nächst Säit