Lëtzebuerger Rechtschreiwung (Orthographie) mam lod.lu

1. Déi laang geschwate Vokaler a, i, o, u

De laang geschwate Vokal gëtt eenzel geschriwwen oder ver­duebelt. Mir ënnerscheede véier Fäll:

  1. De Vokal gëtt eenzel geschriwwen, wa just ee Konsonant han­ner dem laange Vokal steet, wéi bei Bak a schif oder Drot an tuten
  2. De Vokal gëtt eenzel geschriwwen, wann de laange Vokal um Enn vum Wuert ass, wéi bei Schockela an Iddi oder netto an tabu
  3. De Vokal gëtt an enger betounter Silb verduebelt, wann de laange Vokal virun zwéin oder méi Konsonante steet, wéi bei Aarbecht a Geriicht oder Strooss a Kuuscht
  4. De Vokal gëtt an enger onbetounter Silb eenzel geschriwwen, och wann de laange Vokal virun zwéin oder méi Konsonante steet, wéi bei kostbart (um o betount), positivt (um o betount) oder aarbechtslost (um aa betount)

Remark 1:

D’Vokalen ä, ö, ü, y ginn d'selwecht behandelt wéi d'Vokalen a, i, o, u (quälen, blöd, Küb, Lyrik)

Remark 2:

Bei zesummegesate Wierder gëtt all Wuert eenzel gekuckt. D'Zuel vun de Konsonanten an der Mëtt vum zesummegesate Wuert zielt deemno net fir d'Vokallängt (Bam  ̺stamm, Al  ̺stad, Of  ̺so)

viregt Säit nächst Säit