Beschreiwung

Op dësem Site fannt Dir d‘Reegele vun der ak­tu­el­ler Or­tho­gra­fie, déi zanter November 2019 a Kraaft ass.

Op der lénkser Säit ginn d'Reegele ronderëm d'Vokalen, d'Kon­so­nan­ten, d'Verben, d'n-Reegel an d'Schreifweis vun de frieme Wierder beschriwwen.

Mat Hëllef vun dëse Reegele kënnt Dir op der rietser Säit déi Wierder oder Wuert­gruppen uklicken, déi fir Iech déi richteg sinn.

Klickt duerno op Verbesseren.
Déi Wierder, déi Dir richteg ugeklickt hutt, gi gréng gewisen.
Déi Wierder, déi Dir falsch ugeklickt hutt, gi rout gewisen.

Nieft all Feeler steet en Hiwäis op deen Deel vun der Reegel, deen net richteg ëmgesat gouf.

Mat engem Klick op Exercice kënnt Dir den Test widder­huelen.

Et kënnt ee vu Reegel zu Reegel, andeems een op viregt Säit oder op nächst Säit klickt.