Ortho-Trainer
D'Lëtzebuerger Orthografie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 lescht Säit   nächst Säit 

Ortho-Trainer

Fir eng Sprooch kënnen ze liesen, ze schreiwen an ze ver­mët­te­len, brauch een d'Reegele vun enger offiziell unerkannter Ortho­gra­fie (Recht­schrei­wung).

Déi aktuell Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch gouf den 10. Oktober 1975 iwwer en Arrêté ministériel offiziell fest­ge­luecht. Mam Règlement grand-ducal vum 30. Juli 1999 si ver­schidde Reegele vereinfacht oder ergänzt ginn. Am November 2019 ass e vervollstännegt Reegelwierk erauskomm.
Heirop baséiert dëse Site.

Grad wéi den lod.lu vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch be­notzt och den Ortho-Trainer déi lët­ze­buer­gesch Stan­dard­sprooch.

Den Ortho-Trainer soll dem Benotzer hëllefen, autonom en éisch­ten Abléck an d'Lëtzebuerger Recht­schreiwung ze kréien, orthografesch Kenntnesser op­ze­frëschen, den Iwwerbléck iwwer bestëmmt Reegelen an hir Ausnamen ze kréien an d'Orthografie unhand vun den Exercicë mat der integréierter Ver­bes­serungs­method ze üben. E kann awer och a klasseschen Orthografies­coursë respektiv am Kader vum Blended Learning agesat ginn.

Fir all Fro oder Bemierkung kënnt Dir eis gäre kontaktéieren:
E-Mail: lod@lod.lu
Telefonshotline: (+352) 247 88600

Hei fannt Dir ausserdeem 30 Videoen, an deenen d'Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt.

zls.lu  Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch   |   Lëtzebuerger Online Dictionnaire   lod.lu